Короткий зміст епізоду
D‘Kate Moss, den Alexander McQueen, d‘Young British Artists – D‘brittesch Moud an Konscht waren an den 90er Joren alles anescht wei langweileg. Eng Ausstellung am Tate Britain zu London probéiert dëst Joerzéngt anzefänken, wat awer net ëmmer geléngt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
D‘Kate Moss, den Alexander McQueen, d‘Young British Artists – D‘brittesch Moud an Konscht waren an den 90er Joren alles anescht wei langweileg. Eng Ausstellung am Tate Britain zu London probéiert dëst Joerzéngt anzefänken, wat awer net ëmmer geléngt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Епізоди
The 90s : Art & Fashion
ПрослуханоD‘Kate Moss, den Alexander McQueen, d‘Young British Artists – D‘brittesch Moud an Konscht waren an den 90er Joren alles anescht wei langweileg. Eng Ausstellung am Tate Britain zu London probéiert dëst Joerzéngt anzefänken, wat awer net ëmmer geléngt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Prix Goncourt: "L'inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada
ПрослуханоMuer an der Mëttesstonn gi mer endlech gewuer, wien ee Joer nom Laurent Mauvignier sengem Roman "La maison vide" de Prix Goncourt 2026 krut – ee Prix Goncourt, dee vill Welle geschloen hat, well ee vun de Favoritten, dem Thélyson Orélien säi Roman "C’était ça ou mourir", wéinst dem Verdacht, de Roman wier mat enger KI geschriwwe ginn, vun der Lëscht geholl gouf. An der leschter Selektioun sinn nach véier Bicher: "De l’autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme, "Choses que je croyais perdues" vun der Clémentine Mélois, "L’inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada an "La solitude des professeurs est infinie" vum Yannick Haenel. De Jeff Schinker ass haut beim Marc Clement am Studio, fir d’Romaner vum Haenel a vum Jaenada ze beschwätzen.
Prix Goncourt: "La solitude des professeurs est infinie" vum Yannick Haenel
ПрослуханоMuer an der Mëttesstonn gi mer endlech gewuer, wien ee Joer nom Laurent Mauvignier sengem Roman "La maison vide" de Prix Goncourt 2026 krut – ee Prix Goncourt, dee vill Welle geschloen hat, well ee vun de Favoritten, dem Thélyson Orélien säi Roman "C’était ça ou mourir", wéinst dem Verdacht, de Roman wier mat enger KI geschriwwe ginn, vun der Lëscht geholl gouf. An der leschter Selektioun sinn nach véier Bicher: "De l’autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme, "Choses que je croyais perdues" vun der Clémentine Mélois, "L’inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada an "La solitude des professeurs est infinie" vum Yannick Haenel. De Jeff Schinker ass haut beim Marc Clement am Studio, fir d’Romaner vum Haenel a vum Jaenada ze beschwätzen. Salut Jeff.
D'Clubstierwen zu Parais - La Station
ПрослуханоDe Weekend feiert de bekannte Paräisser Club La Station eng vu senge leschte Partien a sengem aktuelle Gebai. Duerno steet fir dës Paräisser Institutioun eng ongewëss Zäit un. La Station ass awer net deen eenzege Club, deen dëst Joer zu Paräis seng Dieren zoumaache muss. Alternativ a queer Espacë ginn et an der franséischer Haaptstad ëmmer manner. De Max Tholl war virum Closing nach eemol laanscht kucken.
Filmkritik: "La Gradiva"
ПрослуханоDe Coming-of-Drama beschäftegt sech mam Magma vun de jugendleche Gefiller wärend engem Neapel-Ausfluch. Et ass den Debutfilm vun der franséischer Realisatrice Marine Atlan. Eng Kritik vum Michel Delage.